Wëllefcher
Versammlungen
All Samsden ausser an den Schoulvakanzen
14h30- 16h30 am Home
Rue Anne Beffort
L-1276 Luxembourg
Mat Kanner aus dem Wëllefchersalter d´Liewen entdecken heescht Entdeckungsfreed, Kreativitéit a Fantasi an de Kanner waakreg maachen an entwéckelen.
Effektiv, Kanner am Alter vun 8 bis 11 Joër sinn immens virwëtzeg, wëlle gäre bäiléieren, entdecken, fuerschen … , och wann hautdësdaags verschidde gesellschaftlech Phenomener an Tendenzë probéieren, dëse Bediirfnësser vum Kand entgéint ze wiirken andeems se d´Erliefnëssfähegkeet versichen ze ënnerdrécken.
Subscribe to filtered calendar