CaraPio

14-17 Joër

carapio@kiem.lgs.lu

Chef & Cheftaine

Versammlungen

All Samsden ausser an den Schoulvakanzen

17h00- 18h30 am Home

Rue Anne Beffort
L-1276 Luxembourg

CaraPio as d´Ofkierzung vu Caravellen a Pionéier, dat si Jugendlecher, Meedercher a Jongen, tëscht 14 a 17 Joër. Am Verband vun den LGS gin et zur Zäit bal 54 CaraPio-Truppen, mat 605 Jugendlechen an 186 Cheftainen a Chef. An dene meeschten Truppen schaffe Meedercher a Jongen zesummen, et gin awer och nach eenzel Caravellen- a Pionéiertruppen.

D´CaraPio treffe sech eemol d´Woch an enger Versammlung fir zesummen flott Aktivitéiten z´organiséieren an duerchzeféieren. Ganz vill Wäert gët geluecht op d´Matbestëmmung, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéien vun den Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d´Matverantwortung an d´Engagement grouss geschriwwe gin. Wat mir erliewen? De Startschoss fir e neit Joër as ëmmer d´Montée, wou déi nei CaraPio an d´Trupp opgeholl gin. Am Laf vum Joër gin dann en ettlech Weekender zesumme geplangt an iergendwou am In- oder Ausland, am Chalet oder Zelt ofgehal. Den absoluten Héichpunkt vum Guide/Scoutsjoër as awer de Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland as